Serie Alternativ Vakanzendestinatiounen an Europa - Andorra
22/07/2025

Mir starten offiziell an de Summer an u wat denke mir do: Sonn, Plage, Vakanz. Deen een zitt et all Joer op déi selwecht Plaz, deen anere sicht ëmmer no neien Aventuren. An eiser Summerserie presentéiert d’Céline Spithoven iech zwee Mol d’Woch e Land an Europa, dat eng Vakanz wäert ass a villäicht nach net jiddereen um Schierm huet. Lass leeë mir mat enger Destinatioun, déi souguer 5 Mol méi kleng ass wéi eist Lëtzebuerger Ländchen.