Axellence - Internationalen Äiskonschtlaf Stage

06/08/2025
Axellence - Internationalen Äiskonschtlaf Stage
Play

No engem remarkabelen Debut lescht Joer, invitéiert de Skating Luxembourg dëst Joer op en neits op den Axellence Camp fir Äiskonschtleefer hei op der Kockelscheier. Dëse Stage bréngt olympesch Traineren a Spëtzesportlerinnen aus der ganzer Welt zesummen. Mat derbäi och dëst Joer nees de Brian Orser aus Kanada, eng richteg Weltlegend am Äiskonschtlaf. Mir hate Geleeënheet, net nëmme mam Brian selwer, ma och mam Organisatiounsteam ze schwätzen, déi dëse flotte Camp an d'Weeër geleet hunn.