Rock aus ale Brieder
12/08/2025

Et gi Leit, déi op e Plang fokusséiert sinn, anerer suivéieren eng Passioun. An da gëtt et déi, déi béides op eng ganz besonnesch Manéier zesummebréngen. De Stefan Görgen vu Morscholz ass Gittarbauer, awer kee wéi all aneren. Hie baut seng Instrumenter aus Holz, dat anerer scho laang opginn hunn: Al Träppleken, Dachputteren, esouguer Grëffer vu Gewierer. Ma wéi koum eigentlech d'Iddi fir alem Holz en neie Klang a Charakter ze ginn?