Recycling mat Resonanz

12/08/2025
Recycling mat Resonanz
Play

Wann de Stefan Görgen d'See an de Grapp hëlt, dann huet dat näischt mat Bastelen um Weekend ze dinn. An sengem Atelier zu Morscholz entsti Gittaren. Aus alen Trapen, Putteren an heiansdo och aus Saachen, déi aner Leit éischter op de Sperrmüll brénge géifen. Iert e Riff gerockt gëtt, muss geseet, geschrauft a geläimt ginn, well esou eng Gittar ass e Prozess, dee Prezisioun verlaangt - a Gefill.