Deier Liewensmëttel: Sou kënnt Dir trotzdeem spueren!
22/09/2025

D'Präisser vun de Liewensmëttel sinn an de vergaangene Jore staark an d'Luucht gaangen. Fir vill Leit ass dat mëttlerweil dann och eng grouss finanziell Belaaschtung. Ma wann ee seng Kommissiounen strategesch plangt a virauskuckt, kann een all Woch Sue spueren. An dat trotz Inflatioun.