Geforen am Watt
30/09/2025

Lescht Woch koum d'Nouvelle, dass e Lëtzebuerger a senger Vakanz un der Nordsee am Watt stieche bliwwen- an an eng liewensgeféierlech Situatioun geroden ass. Wattwanderungen sinn eng beléiften Aktivitéit an der Géigend, ma si sinn och net ouni Geforen. Net just kann een um oppene Watt séier d'Orientéierung verléieren oder vum Waasser iwwerrascht ginn, ma de Buedem ass och net iwwerall fest. Ëmmer nees mussen dowéinst Leit aus dem Watt gerett ginn. Op wat muss een oppasse wann een esou eng Wanderung maache wëllt?