Dag vun der mentaler Gesondheet - d'Ligue Santé Mentale

10/10/2025
Dag vun der mentaler Gesondheet - d'Ligue Santé Mentale
Play

Haut um Dag vun der mentaler Gesondheet, riichte mer eise Bléck op eng Organisatioun, déi sech hei zu Lëtzebuerg zanter Joerzéngte fir Mënsche mat psychesche Problemer asetzt: D'Ligue Luxembourgeoise de Santé Mentale. Hire But: Nolauschteren, ënnerstëtzen a begleeden, dass Leit déi mental Schwieregkeeten hunn, net eleng gelooss ginn.