Visitt vum Grand-Duc zu Stengefort
05/10/2025

Gëschter, een Dag nom Trounwiessel, huet de Grand-Duc Guillaume den Tour duerch d'Land gemaach an huet op verschiddene Plazen Halt gemaach. Sou och zu Stengefort wou en am Spidol d'Personal aus dem Gesondheetssecteur an och Patiente besicht huet. D'Freed war deementspriechend grouss hei. D'Nicky Soisson war mam Mikro do an huet vill glécklech Gesiichter gesinn.