Best of: Fréieren Educateur gëtt Zauberer, Self-Publisher an Erotikduerstellerin
11/10/2025

Dës hu mir am Kader vun enger Mini-Serie dräi
Lëtzebuerger kennegeléiert, déi hir Suen mat e bësse méi aussergewéinlechen Jobs verdéngen. De Ufank huet de Christian Lavey gemaach. Hien huet jorelaang als Educateur geschafft. Ma schonn als Kand huet hien d'Zauberei vu sengem Bop geléiert. No 15 Joer Zaubershows op Gebuertsdeeg & Co, huet hie wärend der Pandemie de Schratt gewot a sech als Magier selbststänneg gemaach an verzaubert elo weltwäit Grouss a Kléng. An natierlech muss een och ëmmer nei Tricke léieren, erzielt de Christian Lavey.