Palme statt Pullover. Iwwer de Wanter mam Camper a Saudi-Arabien

27/10/2025
Palme statt Pullover. Iwwer de Wanter mam Camper a Saudi-Arabien
Play

Elo wou déi méi kal an däischter Joreszäit iwwerhand hëlt, dreemen der vill vu Palme statt Pullover. Iwwerwanteren op enger waarmer Destinatioun.

Leit déi e Camper an Zäit hunn, decidéiere sech gären dofir. Wéi wär et da mat Saudi-Arabien?
Tatsächlech eng Optioun, an de Christian Schmit huet um Caravan Salon zu Düsseldorf Leit begéint déi schonn do op Besuch waren.