In Pace: Ulli Potofski
01/11/2025

Hien war d'Stëmm an d'Gesiicht vum Sport beim jonken RTL plus a gouf bekannt mat der Sendung 'Anpfiff'. 1989 krut de Krauselkapp mam markante Brëll souguer de Bambi als beléiftsten Animateur an Däitschland. Den 2ten August ass den Ulli Potofski zu Krefeld u Leukemie gestuerwen. Virun iwwer engem Joer war hien am RTL-Afterwork an huet iwwer sech a seng ofwiesslungsräich Karriär geschwat.
