Am Plang: Den Documentaire iwwer de Claude Wiseler

De Pascal Becker huet den CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler de ganze Walkampf iwwer begleet.

Wéi preparéiert ee sech op esou eng Campagne, wéi vill Reuniounen, Walmeetingen an Diskussioune falen nieft der alldeeglecher Aarbecht un, wéi staark ass de moraleschen Drock, wéi grouss ass d'Enttäuschung um Walowend?