Sexuelle Mëssbrauch a kathoulescher Kierch

An engem oppenen Temoignage beschreift de Christian Faber, Affer vu sexuellem Mëssbrauch, säi Leidenswee a seng Liewensgeschicht.

De Christian Faber gouf den 22. Februar 1963 zu Gréiwemaacher gebuer, wou hien tëscht 1969 a 1975 an engem Heem gelieft huet. Seng Eltere ware Schëffsleit. A sengem Temoignage beschreift hien dat, wat him Enn de 60er, Ufank de 70er Jore geschitt ass. Ma och wéi en Afloss d'Iwwergrëff op säi weidert Liewen haten.