Pir Kremer: d’Revanche vum klenge Mann
Virun 100 Joer koum zu Käerch de Pir Kremer op d’Welt. De Fränk Grotz kuckt a sengem Documentaire op säi Liewen zeréck.
Den Documentaire „Pir Kremer : d’Revanche vum klenge Mann » vum Fränk Grotz kuckt op dem “PiK” seng bekannte Radiosemissioun “De Staminet”, seng Theaterrevuen an déi sëllechen aner Aktivitéiten zeréck a weist de sensibele Mënsch hannert dem pikeschen Humorist.