Lëtzebuerger Weltall-Odyssee

De Weltraumsecteur ass e Milliardegeschäft ginn, bei deem och de Grand-Duché mat deene Grousse matspillt.

Am RTL-Documentaire "Lëtzebuerger Weltall Odyssee" geet de Pierre Weimerskirch der Fro no, wéi eng Zukunft de Secteur hei am Land huet. D'Lëtzebuerger Firma Luxspace huet zu Betzder ee Satellit gebaut, deen zanter e puer Deeg op Orbit flitt. Eng RTL-Ekipp huet dëse Projet an de leschte Jore suivéiert.