Lux & Vox - 120 Joer Geschicht Lëtzebuerger Kinoen (1. Deel)

Vun der éischter Seance zu Iechternach am 19. Joerhonnert bis un d’Enn vun de 1950er Joren huet de Kino zu Lëtzebuerg Konjunktur.

Bal ouni Konkurrenz gehéieren d’Filmprojektiounen zu de beléifteste Fräizäitbeschäftegungen am Land. An den 30er-, 40er, 50er war de Kino zu Lëtzebuerg eng Goldgrouf! Mä och d’Kinosbetriber gi markéiert vun enger lieweger Konkurrenz a vun der Occupatioun, déi hir Fräiheet an hir Existenz a Fro stellen.