"Zwou Mulle Bocca"

De Making-Of vum Documentaire Faustino - One Man Show

Datt ee mam Fausti net just virun der Kamera konnt Freed hunn, weist de Making-Of vum Documentaire "Faustino - One Man Show". An dësem neie Making-Of-Video kritt een en exklusiven Abléck an d'Dréiaarbechte vum Andy-Bausch-Documentaire, dee vum Paul Thilges produzéiert gouf. Do dernieft erziele seng Aarbechtskolleegen, wéi et war, mam Fausti ze schaffen an och ze laachen.