Jacques Santer "E Liewe fir d’Politik"

11 Joer laang stoung hien un der Spëtzt vun der Lëtzebuerger Regierung.

Dës Woch (18.5.22) feiert de fréiere Staatsminister, Jacques Santer, säi 85. Gebuertsdag a kuckt zeréck op eng laang politesch Karriär. 30 Joer huet de Jacques Santer sech an der nationaler an internationaler Politik engagéiert an Akzenter gesat, déi Lëtzebuerg bis haut markéieren.