Tëschent Iechternach a Budapest

De Jong mat den Haren um Kapp

An dësem Documentaire hëlt de Lëtzebuerger Hip-Hopper MAZ eis mat op zwee op den éischte Bléck ganz ënnerschiddlech Festivaller am Summer22: den E-Lake zu Iechternach an Sziget zu Budapest. Bei dëser Rees vu Lëtzebuerg an Ungarn léiere mir den Artist a seng Visioun vun enger anerer, ganz perséinlecher Säit kennen a mir begleeden hien a säin Team Backstage bei der Aarbecht. Dëst ass d’Geschicht vun engem Kënschtler, deen um Wee no uewen ass an um Wee, seng Identitéit tëscht zwee Länner ze fannen, déi hie méi oder manner seng Heemescht kann nennen.

En Documentaire vum Yann Gengler
Produzéiert vun TWO STEPS TWICE
Music & Performance by Maz
Audio Mix: Sam Tritz
Grading: Rares Matei