Doku: D’Léiwinnen – 1. Deel

RTL huet d’Futtball-Dammennationalekipp déi lescht Méint begleet a bitt Iech en exklusive Bléck hannert d’Kulissen. Kuckt d'Doku am Replay op RTL Play

Joer: 2021
Durée : 50 Minutten
Realisatioun/Produktioun: Tim Hensgen/RTL

Fir d'éischte Kéier an der Geschicht vum Lëtzebuerger Dammefuttball spillen d’Rout Léiwinnen eng offiziell Qualifikatiounscampagne fir eng Weltmeeschterschaft. Mëttlerweil huet d’Ekipp vum Dan Santos 5 Matcher hannert sech. Dorënner den Duell géint d’Weltklassekipp aus England, awer och déi historesch Victoire an Nordmazedonien. Den Tim Hensgen huet d’Dammennationalekipp bei hirer Rees begleet a bitt Iech en exklusive Bléck hannert d’Kulissen.