Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren
Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren weist Mënschen, déi haut scho mat vill Motivatioun Bio maachen.
Baueren a Wënzer huelen eis mat op hiren Haff an op hir Stécker a weisen eis, wat si maache fir Liewensmëttel ze produzéieren déi gesond si fir de Mënsch an d’Natur, déi Ressourcë schounen an um Enn e Gewënn fir déi ganz Gesellschaft sinn. E Film vum Tom Alesch.
