RTL Spezial: Spirituellt Lëtzebuerg - Glawen an Awerglawen, fréier an haut

Wat ass eigentlech Spiritualitéit, a wou fënnt ee se zu Lëtzebuerg?

An dësem Spezial ginn nach eemol all d'Episoden aus der Serie "Spirituellt Lëtzebuerg" vun der Journalistin Monique Kater gewisen. Mir ginn op d'Spuere vun Hexen an Awerglawen, entdecken okkult Ritualer ronderëm Hellegen a weisen, wéi d’Natur fir ëmmer méi Mënschen nees zu enger Quell vu Rou a Wuelbefanne gëtt. Eng Rees duerch e Lëtzebuerg voller Geschichten, Traditiounen a mysteriéise Bräich – tëscht Glawen, Awerglawen a moderner Spiritualitéit.