

Munches gëtt eben net um Mikro oder virun der Kamera gesot. E labbert Gespréich mam Mënsch hannert der Stëmm an dem Gesiicht. De Gibbes Bertolo léisst hei seng Aarbechtskolleg/innen zu Wuert kommen.
Play episode
RTL inteam: Bob Konsbruck
Munches gëtt eben net um Mikro oder virun der Kamera gesot. E labbert Gespréich mam Mënsch hannert der Stëmm an dem Gesiicht. De Gibbes Bertolo léisst hei seng Aarbechtskolleg/innen zu Wuert kommen.
- Episodes
- Related
46m 24s
RTL inteam: Bob Konsbruck
Am Atelier de Mann fir alles, kaum ouni Cap awer fir ëmmer tätowéiert. De B.O.B. fiert serious Moto an organiséiert ewell méi wéi e schwätzt
48m 58s
RTL inteam: Jeff Kettenmeyer
Aus der Forge du Sud op d'Musel - e Liewe laang giel an nimools blo, wgl. keng Loftballonen op Vältesdag an et wäert definitiv beim "Här" Philipp bleiwen
43m 4s
RTL inteam: Annick Goerens
Wäicherdang, Tel Aviv, Mëllerdall a Pakistan - Klammen, Theater, Paragliding, Yoga, Moto ... mat eiser Vollbluttjournalistin gëtt et eben ni langweileg
43m 51s
RTL inteam: Gérard Floener
Den Technikfreak vum Kuelebierg: En Haus voller BDen, ni méindes, ni Mëllechschockela a wann et nëmme geet mam Vëlo - "Larguez les amarres!"
31m 0s
RTL inteam: Pitt Wagner
Dem Pitt säi Wee vun där enger op déi aner Säit vun der Kamera: E Maacher Wakeboarder dee gäre fir vill Leit kacht - och Wiederfräschenhamen?
28m 34s
RTL inteam: Claudia Kollwelter
Basket- a Gesangstalent, Podcasten am Bambësch, Skinny Bitch am Vis-à-Vis ... a vum Kierchbierg kann net mol eng Maus d'Claudia verjoen
34m 54s
RTL inteam: Laurent Friederich
Aus der Bakstuff zu Märel an eise Promo-Studio: Lénksfouss, Sprinter, Student zu Stroossbuerg an Dj Foolproof ... elo leet eise "Locher" op!
29m 24s
RTL inteam: Michelle Reiter
Vum Éislek an de Minett: Déi fréier Wäschfra Wally babbelt och italieenesch a russesch, ass keng Shopping-Queen a war bal e Blummemeedche ginn
RTL inteam: Pierre Jans
De Philosoph Jans (ouni "h" wgl.) deen am Beetebuerger Märchepark bei Ham, Fritten an Zal(d)ot op senger Gittar braddelt
53m 47s
RTL inteam: Jean-Marc Turmes
Theaterwëssenschaft a Programmheftverkeefer zu München, e Mini am Pitcher. De Jean-Marc huet et gäre klassesch, minimalistesch awer op kee Fall wotlech
RTL inteam: Anne Wolff
Vun Iewerleng via Kolléisch op Köln, Serbokroatesch, Muay Thai, True Crime a wéi ee 6 Méint no sengem selwer gutt verstoppte Portmonni sicht
43m 25s
RTL inteam: Loïc Juchem
Vu Radio Belle Vallée bis ESC: De Loïc ass eng Rennscheier, berufflech a privat. E sportleche Lausbouf dee gäre reest an alkoholfräien Gin genéisse kann
32m 54s
RTL inteam: Mariette Zenners
Zu Ettelbréck am Turnveräin, mam Vëlo um Ventoux a Wanderen zu Zermatt. D'Mariette bliedert nach am Filofax an hat keng Kanéngche gewonnen
RTL inteam: Christophe Hochard
Croix-Rouge, Nonneradio a Quetschebeem, Vakanz nëmmen zu La Panne an op Gran Canaria - d'Jongfra Hochi kann einfach net Nee soen
30m 57s
RTL inteam: Joël Detaille
Radio, Reesen, Krimi, Golf, Museldikserten ... an den Anker ass omnipresent. Fir den Téitenger "Fëscher" si Fréibiere kee Problem
40m 29s
RTL inteam: Raphaëlle Dickes
Tango TV, Tennis an d'Taste vum Piano - d'Raph hëlt eis mat op de Bridel, Bartreng a Bréissel an an den amerikanesche Midwest
52m 17s
RTL inteam: Tom Flammang
Eise Sportchef ass net vum Vëlo erof ze kréien. Fréier gouf mam Bopa gefëscht an haut musse Kanner, Muppen an Hénger gefiddert ginn
31m 36s
RTL inteam: Claude Zeimetz
Jong oder Meedchen? Haut huet et béides. Léiwer mat Yoga entspanen ewéi ronderëm de Bräi schwätzen, am léifsten als Scout bei enger Blanche am Philosoff
1h 4m
RTL inteam: Patrick Greis
Radio Alpha, Spillwiss, Mikrowell, Déckkäpp a keen Dag ouni Schocki - ëmmer no bei de Leit awer am léifsten an der zweeter Rei
56m 19s
RTL inteam: Caroline Mart
Politikerfamill, Mamm, Kächin a Leeferin: Eis éischt JournalistIN schwätzt wéi gewinnt och hei Kloertext
31m 35s
RTL inteam: Laurent Gillander
Schülerradio, Härebierg, Eldo an endlech hei ukomm. A wann et ëm Fotoen a Kniddele geet, soll et schonn "Old School" sinn
26m 50s
RTL inteam: Marlène Clement
Vum Radio ouni Pub eriwwwer bei deen aneren. An doheem gëtt gesongen an de Panther mat de gréngen Ae geheemelt
50m 5s
RTL inteam: Raoul Roos
Piccobello, Cash an d'Trash - mam Vëlo vun iser Musel via ACL op der Kierchbierg: De Raoul huet säin Dramberuff fonnt
38m 2s
RTL inteam: Fabienne Zwally
Am Alphabet ëmmer dat Lescht mä soss dacks ënnert deenen Éischten: Vun Esch op Paräis, mat engem décke Pelz awer ouni Orangen
1h 1m
RTL inteam: Franky Hippert
DJ Frank Soul a Pompjee, Bayern a Beetebuerg - eisen Hippy kritt se net zou a bleift ëmmer spoRTLech
31m 32s
RTL inteam: Lynn Cruchten
Den Draamberuff fonnt, eng Virléift fir Cheerleading an Ouerréng, awer wgl. keng Blummen an och kee Kéis
23m 17s
RTL inteam: Sascha Georges
Den Zasch: Presentateur mat Leif a Séil, Ex-Frontmann vu Pagan Lorn an ... Uerdnung muss sinn!
45m 56s
RTL inteam: Marie Gales
Aus Esch iwwert den Eldo bei RTL, mat enger Virléift fir pechschwaarz Kueben an exquisit Parfumen
1h 6m
RTL inteam: Luc Marteling
Eisen Directeur de l'Information iwwert Medien, München a Mäertert(er)
3m 51s
Wëllkomm am neie Podcast: Wat erwaart Iech?
A graffen Zich: Bekannte Stëmmen a Gesiichter aus Radio a Tëlee déi och mol aner Säite vu sech weisen