Beim Barista
25/11/2025 08:40

Coffee Shops sinn zu Lëtzebuerg ëmmer méi beléift
De Loïc Juchem war dofir op Diddeleng an e Coffee Shop a krut do en Abléck an d'Welt vum Kaffi. Eng richteg Ausbildung gëtt et fir dëse Beruff net, Villes kënnt einfach wärenddeem een ausprobéiert. Youtube Videoen an och e bësse ChatGPT hätte gehollef, mat et muss een einfach Gedold hunn a Saachen testen. Normal ass och, datt wann een seng Maschinn astellt och mol puer Tase fir d'Kaz sinn - dat géing alles dozou gehéieren.
