Pilates & Hot Pilates

01/12/2025 05:50
Pilates & Hot Pilates
Play

Wat ass Pilates?

De Loïc Juchem war fir eis an engem Pilates-Studio ënnerwee an huet dës Trend-Sportaart ausprobéiert. Déi meescht kenne Pilates op der klassescher Matt, mee de sougenannte Reformer ass an de leschte Joren zum richtegen Hype ginn – virun allem wéinst Social Media. E Reformer ass eng Maschinn op där een seng Übunge kann duerchféieren. Fir erauszefannen, wat hannert dësem Hype stécht, huet de Loïc e Bléck op esou eng Reformer-Sessioun geheit.