Pilates & Hot Pilates
01/12/2025 10:10

Pilates ass eppes fir all Alter
De Loïc Juchem war an e Pilates-Studio, fir erauszefannen, firwat Pilates – egal ob op der Matt oder um Reformer – esou vill Leit begeeschtert. Et gesäit heiansdo einfach aus, mee an der Realitéit ass et eng intensiv Erausfuerderung, déi de ganze Kierper fuerdert, a fir all Alter gëeegent ass. Mir wollte wëssen: Wisou faszinéiert dat souvill Léit? A wéi fillt dësen Training sech wierklech un?
