Wuertfloss

D'Schüler hu sech wärend 6 Woche mat aktuellen Theme befaasst an hir Iddien, Gedanken a Léisungsvirschléi mat Hëllef vun engem Rap zum Ausdrock bruecht.

Ee Projet vum Script an der SuperDrecksKëscht zesumme mat Lëtzebuerger Kënschtler ewéi de Maz, Maka MC, David Fluit oder dem Taipan. De Projet Wuertfloss ënnerstëtzt dobäi d'Individualitéit, d'Kreativitéit an dat kritescht Denke vu jidderengem a fuerdert niewebäi och den Zesummenhalt vun der Klass.