24 Stonne Moto zu Spa-Francorchamps
17/06/2023
No enger ganzer Woch Virbereedung huet d’Course fir 36 Equippen, 108 Piloten an Honnerten u
Mecanicien, Logistiker a Soigneuren de Mëtteg pünktlech ugefaangen.
Wéi schonns d’lescht Joer ass de Chris Leesch als Startfuerer bei seng Honda Fireblade gesprint. Ënnert de seriennoë Superstock ass d’Zil de Podium an am beschten den ieweschten Träpplek.
