Randonée Charly Gaul
Wéi eng Schlaang huet sech de Peloton tëschent de Fielse vum Mëllerdall geschlach, op de Stroossen wou de Charly Gaul sech op grouss Coursen preparéiert huet.
De Bereet vum Tour de France, an de Maillot vun der Weltmeeschterin. Allebéid passionéiert vum Vëlo. De Fränk Wilhelm, als Hobbiescycliste, mat Recherchen, Publikatiounen a Konferenzen, ënner anerem iwwert de Charly Gaul. D’Suzie Godart als rezent Weltmeeschterin an der Kategorie 60 bis 64 Joer. D’Passioun hellt net of.
Wéi eng Schlaang huet sech de Peloton tëschent de Fielse vum Mëllerdall geschlach, op de Stroossen wou de Charly Gaul sech op déi grouss Rendez-vouse preparéiert huet. D’Suzie Godart, mam Trikot vun der Weltmeeschterin, matten dran.
Ënnerwee hunn sech d’Weeër getrennt, praktesch d’Hallschent vun deene ronn 1300 Participanten, hat sech fir 145 km decidéiert déi aner fir 100, dat mat ënnerschiddlechen Ambitiounen. Gewannen, Klassement fueren oder einfach fir de Spaass.
D’Weltmeeschterin huet wuel an d’Pedalle gedréckt, mais en technesche Problem, huet si zréck geworf, an esou gouf d’Suzie Godart 12. am Dammen-Generalklassement. Elo gëtt de Weltmeeschtertrikot emol an de Schaaf geluecht, awer bestëmmt net vir länger Zäit.
