

Wat ass an der Sportsaktualitéit lass?
Play episode
F1 - Virschau vum Grand Prix vun Abu Dhabi - Reportage Frank Hippert
Wat ass an der Sportsaktualitéit lass?
- Episodes
- Related
05/12/2025 (2m 56s)
F1 - Virschau vum Grand Prix vun Abu Dhabi - Reportage Frank Hippert
04/12/2025 (2m 24s)
13. Spilldag an der BGL-Ligue: De Resumé vum Gilles Tricca
26/11/2025 (1m 57s)
Champions League - Reportage vum Guy Seyler
15/11/2025 (2m 38s)
De Resumé vum Match Lëtzebuerg-Däitschland vum Serge Olmo
11/11/2025 (2m 54s)
Symposium Sportkiné 2025
Den 21. an 22. November ass an der Coque de Symposium Sportkiné 2025 .Et ass schonn déi 10. Editioun vun dësem Symposium.A bei där Geleeënheet feiert d’SLKS, „d’Société Luxembourgeoise de Kinésithérapie du Sport“ gläichzäiteg hire 40 Anniversaire.Zil vum Symposium ass e wëssenschaftlechen Austausch.Mee et geet awer och drëms, d‘Spezialisatioun vum Sportskiné unzëerkennen... Guy Seyler
07/11/2025 (2m 34s)
F1-Virschau op de grousse Präis vu São Paulo / Reportage Franky Hippert
05/11/2025
Champions League - Optakt vum 4. Spilldag: Reportage vum Jeff Kettenmeyer
04/11/2025 (2m 47s)
Bilan Handball Quali Hären
Lëschte Weekend stoung fir d’Lëtzebuerger Handball-Nationalequipe vun de Männer di éischt Ronn an der Qualifikatiounsronn fir d’WM 2027 um Programm. Géint Lettland huet d’FLH Selektioun sech 2x misse geschloe ginn. De Gilles Tricca mam Bilan vun dësem doubele Rendez-vous.
03/11/2025 (2m 44s)
De Resumé vum 12. Spilldag vum Serge Olmo
31/10/2025 (2m 55s)
De Rebound vum 31. Oktober 2025
31/10/2025 (1m 14s)
Drëtt Hallschent mam Camille Dahm
Dës Woch ass de Camille Dahm, den Invité an der 3. Hallschent. Zanter bal 10 Joer ass hie President vun der Vëlosfederatioun. An zanter 10 Joer ass de Vëlodrome bei him een Dauerthema. De Rich Simon wollt am Podcast, ënnert anerem vum Camille Dahm wëssen, wou d'Aarbechte fir de Vëlodrome den Ament zu Munneref dru sinn...
30/10/2025
Déifferdeng léisst dem Racing keng Chance / Reportage Serge Olmo
29/10/2025
U18- an Härennationalekipp spille Qualifikatiounsmatcher an der Coque
Vun e Freideg bis e Sonndeg gëtt den Handball grouss geschriwwen am Gymnase vun der Coque an dat bei gratis Entrée fir d'Spectateuren.
29/10/2025 (2m 45s)
Handballqualifikatioun fir d'A Ekipp an d'U-18
Vun e Freideg bis e Sonndeg gëtt den Handball grouss geschriwwen am Gymnase vun der Coque an dat bei gratis Entrée fir d'Spectateuren.D'U-18 Nationalekipp spillt dräi Deeg hannerteneen an der Qualifikatioun fir d'EM 2026.D'A Nationalekipp ass e Samschdeg an e Sonndeg am Kader vun der Qualifikatioun fir d'WM 2027 am Asaz an dat 2 Mol géint Lettland. De Serge Olmo kuckt no vir op den intensiven Handball Weekend.
27/10/2025 (1m 36s)
Sans titre
Dës Woch ass de President vun der Vëlosfederatioun, den Invité an der Drëtter Hallschent. Zanter ronn 10 Joer steet de Camille Dahm un der Spëtzt vun der FSCL. Den Ament gëtt vill a Vëloskreesser driwwer diskutéiert, firwat den Alter vun der Masters Kategorie, vu 40 elo op 35 Joer, no vir gezu gëtt. De Rich Simon wollt ënnert anerem am Podcast vum Camille Dahm wëssen, firwat dat esou ass.
27/10/2025
Resumé vum 11. Spilldag am Futtball-Championnat / Reportage Serge Olmo
25/10/2025 (31s)
De Paul Philipp um 107. FLF-Kongress
17/10/2025 (2m 16s)
Rebound
Wéi gewinnt um Freideg um 20 bis 7, ass och haut nees Zäit fir de Rebound. De Basket Magasinn vun der Federatioun. Haut kuckt de Rich Simon zeréck op d'Matcher vun de Lëtzebuerger Dammen an den europäesche Couppen. Donieft stellt hien eis och nach ee klenge Veräin aus dem Norde vum Land vir....
17/10/2025 (1m 47s)
Podcast Drëtt Hallschent: Angelique Kerber
Am drëtten a leschten Deel vum Podcast Drëtt Hallschent hei um Radio mam Angelique Kerber geet et ëm hir Wimbledon Victoire 2018. Fir déi fréier Nummer 1 am Tennis war et dee gréissten Erfolleg an hirer Karriär. Och am Verglach zu deenen aner Grand Slam kennt näischt un den Tournoi zu London erun.
15/10/2025 (1m 31s)
Podcast Drëtt Hallschent: Angelique Kerber
Am Podcast Drëtt Hallschent geet et des Woch ëm Tennis. D'Angelique Kerber huet jorelaang zu deene beschte Spillerinnen op der Welt gezielt. Am Gespréich mam Jeff Kettenmeyer huet si erzielt wéi et war 2016 hiren éischte Grand Slam zu Melbourne ze wannen an wéi et duerno fir si weider gaangen ass.
13/10/2025 (1m 42s)
Podcast Drëtt Hallschent: Angelique Kerber
Des Woch ass d'Angelique Kerber Invitée am Podcast Drëtt Hallschent. Déi fréier Top Tennis Spillerin huet d'lescht Joer no den olympeschen Spiller zu Paräis hir Tennis Rackett un de Nol gehaangen. No enger laanger Profi Karriär ginn et awer och Momenter wou een am Léifsten nees géif ufänken.
13/10/2025 (2m 28s)
Virschau op Slowakei-Letzebuerg
Den Owend vu Véierel vir 9 un spillt déi Lëtzebuerger Nationalekipp an der City Arena zu Trnava. D'Rout Léiwen sinn drop aus hiren éischte Punkt an der Campagne ze kréien. Dee leschten Duell auswäerts géint dëse Géigner war am Mäerz 2023 an do gouf et um selwechten Terrain en 0:0 Remis. Et wier scho wichteg mat engem Punkt an der Täsch heem ze fléien Serge Olmo.
10/10/2025 (18s)
Message vum Leandro Barreiro un en däitsche Journalist
09/10/2025 (2m 37s)
Wou gëtt den nächsten Davies Cup vun de Lëtzebuerger gespillt?
Am Februar spillt Lëtzebuerg am Tennis Davies Cup am Play-Off fir am Weltgrupp 1 ze bleiwe géint d'Ukrain. No der 0-4 Néierlag am September auswäerts géint Chile, spillen d'Lëtzebuerger de Match géint d'Ukrain bei eis am Land. Ob dat an der Coque ass, ass awer nach net sécher. De Rich Simon huet beim President vum Tennis Verband nogefrot, wou den Dossier drun ass.
23/09/2025 (2m 18s)
49.Walfer Vollekslaf
Den éischte Sonndeg am Oktober ginn d’Leefer an d’Leeferinnen sech traditionell Rendez-vous fir de Walfer Vollekslaf. Iwwernächste Sonndeg, de 5. Oktober, um 10 Auer ass den Depart op der Haaptstrooss zu Walfer.Déi ronn 200 Benevollen ronderëm d’Presidentin Marianne Dondelinger hunn alles gemaach, fir datt och dës 49. Editioun erëm e volle Succès gëtt.Wat d’Streck ugeet, do ass fir jiddereen eppes derbäi, Guy Seyler:
15/09/2025 (2m 18s)
FLF Magazin
No 4 Spilldeeg am nationale Futtball sinn nach zwou Equippen ouni Néierlag. Den Tabelleleader F91 Diddeleng an de Champion Déifferdeng.Am FLF Magazin vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op Diddeleng an awer och op déi éischte Victoire vun Käerjeng.
14/09/2025 (31s)
HBD Aldin Zekan Reaktioun 2
14/09/2025 (27s)
HBD Aldin Zekan Reaktioun 1
14/09/2025 (49s)
Gilles Muller iwwer de Match vum Alex Knaff
14/09/2025 (35s)
Gilles Muller iwwer de Match vum Aaron Gil Garcia
10/09/2025 (1m 35s)
U21 Lännermatch no Accident
Gëschter huet d'Lëtzebuerger U21 Futtball Nationalequipe an der EM Qualifikatioun 0-1 géint Färöer Inselen verluer. Et war den éischte Match nom Bus Accident vum leschten Donneschdeg a Frankräich. Och wann ee wuel probéiert huet sech op dat sportlecht ze konzentréieren, war et awer ee spezielle Match, Jeff Kettenmeyer.
07/09/2025 (50s)
Podcast Drëtt Hallschent Best Of: Dan Santos
Mam Dan Santos, dem Futtball Nationaltrainer vun den Dammen, maache mir den Ofschloss vum Best Of vum Podcast Drëtt Hallschent. Hien huet beim Sam Rickal däitlech Wierder iwwert den Ënnerscheed tëscht dem Männer an dem Fraen Futtball fonnt.
07/09/2025 (58s)
Podcast Drëtt Hallschent Best Of: Lars Gerson
Am Best Of vum Podcast Drëtt Hallschent dee mir iech iwwert déi ganz Vakanz iwwer um Radio Sonndes gespillt hunn, ass haut de leschten Dag. Mam Futtball Nationalspiller Lars Gerson geet et elo drëms ob hien seng ganz Karriär iwwer léiwer an der zentraler Mëtt oder hannen als Verteideger gespillt hätt an notzt beim Jeff Kettenmeyer och d'Beispill vun engem Top Spiller.
05/09/2025 (2m 26s)
Virschau op de Grousse Präis vun Italien – Reportage Franky Hippert
05/09/2025 (2m 39s)
Resumé vun der WM-Qualifikatioun Lëtzebuerg vs Nordirland vum Serge Olmo
02/09/2025 (2m 38s)
Virschau op den Championnat am Dammenhandball
Dëse Weekend fänkt wéi bei den Hären och am Dammenhandball déi nei Saison un.D'Waarden vun den Handballsupporter geet also geschwënn op en Enn.D'Schlussphas vum Championnat war d'lescht Saison richteg intressant. De Serge Olmo huet zesummen mat engem Expert op déi nei Saison gekuckt.
02/09/2025 (2m 34s)
Handball Virschau op d'Ekippen, déi den Ofstig wëllen evitéieren
De Weekend fänkt déi nei Saison am Handball un, wou erwaart gëtt, datt wéi quasi déi lescht Saisonen ëmmer Bierchem, Diddeleng, Déifferdeng an Esch ze staark si fir déi aner Ekippen. Déi Ekippen, déi vläicht eppes manner staark an ze schätze si wéi déi 4 Genannten, hunn awer deelweis zimmlech grouss Ambitioune fir déi nächst Saison, Serge Olmo.
02/09/2025 (2m 15s)
Handball Virschau bei den Hären
Mam Supercup gëtt am Handball traditionell déi nei Saison agelaut. Do stounge sech de leschte Weekend de Champion Déifferdeng an de Coupegewënner Bierchem géigeniwwer mam besseren Enn fir de Champion. Dës zwou Ekippe kommen och fir déi nei Saison fir dës Titelen a Fro. Diddeleng an Esch wëllen awer och e Wuert matschwätzen. Wéi d'Ambitioune vun dëse 4 Veräiner sinn, verréit Iech de Gilles Tricca
31/08/2025 (54s)
Podcast Drëtt Hallschent Best Of: Raphael Duarte
De Raphael Duarte ass neierdéngs Co-Trainer beim Futtball Club Werder Bremen. No der Saison mat Elversberg war hien Invité vum Jeff Kettenmeyer am Podcast Drëtt Hallschent, an déi zwee hunn och driwwer geschwat wat deen attraktiivsten Spillstil wier.
31/08/2025 (1m 17s)
Podcast Drëtt Hallschent Best Of: Charel Grethen
Am Mee war de Charel Grethen Invité am Podcast Drëtt Hallschent. Am Best Of kucke mir haut zeréck op dem Liichtathlet säin Trainings Pensum op den 1500 Meter. An hien erzielt dem Jeff Kettenmeyer datt ewell vill op der "Schwell" trainéiert gëtt.
29/08/2025 (2m 30s)
FC Deifferdeng géint FC Drita - De Resumé vum Serge Olmo
29/08/2025 (2m 37s)
Virschau op der Grousse Präis vun Holland - Reportage vum Tom Hoffmann
29/08/2025
De Kevin D'Anzico
25/08/2025 (1m 31s)
Den Alex Kess no der zweeter Etapp vum Tour de l'Avenir
25/08/2025 (1m 2s)
D'Marie Schreiber no hirer drëtter Plaz am Sprint
25/08/2025 (2m 32s)
Resumé 4. Spilldag am Futtball-Championnat / Reportage Serge Olmo
24/08/2025 (1m 37s)
Podcast Drëtt Hallschent Best Of: Kim a Joy Wirtz
Am zweeten Deel vum Best Of vum Podcast Drëtt Hallschent geet et elo ëm den Handball. Mam Kim a Joy Wirtz spillen net nëmmen zwou Schwësteren beim HBD an der selwechter Equipe. Mä mam Mikel Molitor ass och de Partner vum Joy den Trainer vun der Equipe. Grond genuch, fir eise Sam Rickal, mol méi genee no ze froen.
24/08/2025 (1m 15s)
Podcast Drëtt Hallschent Best Of: André Hoffmann
Den André Hoffmann war als "Président-Sortant" vum COSL Invité vum Rich Simon am Podcast Drëtt Hallschent. Fir hien waren et 2024 zu Paräis déi lescht Olympesch Spiller an der Funktioun als President. Gläichzaiteg awer och vläicht déi Bescht.
18/08/2025 (2m 46s)
De Resume vum 3. Spilldag - Reportage vum Serge Olmo
17/08/2025 (1m 30s)
Podcast Drëtt Hallschent Best Of: Erny Gruskovnjak
Am Best Of vum Podcast Drëtt Hallschent geet et elo ëm de Basket. Am Abrëll war den Erny Gruskovnjak Invité vum Jeff Kettenmeyer. De Basket Trainer huet virun allem iwwer d'Mentalitéit haut des Daags am Equippe Sport hei am Land geschwat.