Déifferdeng start an d'Qualifikatioun fir d'UEFA Futsal Cup

22/08/2017
Déifferdeng start an d'Qualifikatioun fir d'UEFA Futsal Cup
Play

An den nächsten Deeg gëtt hei am Land nees Football an der Hal gespillt. De Lëtzebuerger Champion am Futsal, Déifferdeng, start nämlech an der Qualifikatioun fir d'UEFA Futsal Cup. De Veräin aus dem Süden huet d'Chance den Tournoi vun der éischter Qualifikatiounsronn, dee vu muer bis e Sonndeg dauert, heiheem kënnen ze organiséieren. Een Zil ass et dann och de Lëtzebuerger dëse Sport nees e Stéck méi no ze bréngen, Lynn Kayser.