Champions League
12/09/2017

Den Owend ass et nees esou wäit, d'Futtball Champions League geet erëm lass, an déi nächst Méint wäerten souwuel Dënschdes wéi och Mëttwochs Owes vill Leit virun der Tele setzen fir déi bescht Spiller vun der Welt ze suivéieren.Nieft dem Titelverdeedeger Real Madrid kommen och nach eng Partie aner Equipen a Fro fir den Titel ze wannen.De Jeff Kettenmeyer huet d'Saach mam RTL Expert Paul Philipp am Virfeld analyséiert.
