Timo Bega

11/09/2018
Timo Bega
Play

Op der Weltmeeschterschaft am „Field“ Bouschéissen am italienesche Cortina d'Ampezzo huet de 19 järege Lëtzebuerger Timo Bega leschte Weekend sensationell Goldmedail bei de Juniore gewonnen. Hien konnt sech no enger 9ter Platz an der Qualifikatioun vu Dag zu Dag steigeren an sech an der Final géint de US Amerikaner Connor Sears knapps mat 63 op 62 duerchsetzen. Eng Victoire mat där een am Viraus net onbedéngt rechne konnt, Christophe Jost.