Damme stoungen um Weekend an der sportlecher Aktualitéit
22/10/2018

E Samschdeg ass den Tennis Tournoi op der Kockelscheier op een Enn gaangen. Mam Julia Görges konnt sech d'Favoritin behaapten. D'Mandy Minella hat et am Dubbel bis an d'Final gepackt a mam Carine Nardecchia ass fir déi éischte Kéier eng Fra am Verwaltungsrot vun der Futtball Federatioun. Dat sinn Themen am sportleche Réckbléck um Méindeg Moien.
