FLASS

29/01/2019
FLASS
Play

FLASS – d’Fédération Luxembourgeoise des Associations de Sport de Santé  - promovéiert de Sport als TherapieWann et fréier esou war, datt e Kranken an d’Bett gehéiert huet, esou ass een haut der Iwwerzeegung, datt Beweegung e bëllegt an effikasst Medikament ass.Zanter 35 Joer treffen zu Esch, an der Stad an zu Ettelbréck Häerzpatiente sech, fir ënner medizinescher Opsiicht Sport ze maachen.Bei Parkinson an MS ass de Sport eng ganz wichteg therapeutesch Mesure.Esou guer bei de „maladies rares“ kënnen Aquagym, Yoga a Zumba hëllefen . Fir all déi Krankheeten ginn et Associatiounen, déi de Patient begleeden a mat Beweegung probéieren, seng Liewensqualitéit ze verbesseren. Dat ass awer wéineg bekannt. Virun 3 Joer huet d’FLASS all déi verschidde Gruppen ënnert enger Organisatioun zesummegeschloss. Elo geet et drëms, d‘Leit iwwer déi bestoend Offer ze informéieren.. Guy Seyler: