Alessandro Zanardi

10/03/2019
Alessandro Zanardi
Play

Den Alessandro Zanardi gouf op eng tragesch Manéier weltberühmt. Virun iwwer 18 Joer hat hien an enger Autoscourse e schlëmmen Accident, huet béid Been verluer. Haut fiert hien erëm Autoscoursen a gewënnt am Handvelo Goldmedaillen bei de Paralympics. Mat sengem Sport, an der Manéier mat sengem Schicksalsschlag ëmzegoen, ass hien fir vill Leit e grousst Virbild, eng Inspiratioun. De Serge Pauly huet den Alex Zanardi an Italien besicht an huet mat him ënnert anerem op seng sportlech Carrière zeréckgekuckt.