Football: Luc Holtz den Dag nom Match geint d'Ukrain

26/03/2019
Football: Luc Holtz den Dag nom Match geint d'Ukrain
Play

Et sinn nach keng 24 Stonnen hir, datt déi Lëtzebuerger Futtballnationalequipe eng vun deene beschten, wann net déi bescht spilleresch Leeschtung an der 108 Joer aler Geschicht vun der FLF-Formatioun gewisen huet. D'1-2 Defaite a leschter Sekonn am Stade Josy Barthel duerch e Selbstgol géint d'Ukrain, huet esou vill Geschichten, datt nach laang iwwert déi Partie an der aktueller Europameeschterschaftsqualifikatioun wäert geschwat ginn. De Franky Hippert huet den „day after“ beim Nationaltrainer Luc Holtz nogefrot, wéi et him geet: