Triathlon am Ruanda - mam Jemp Ernzen

09/09/2021
Triathlon am Ruanda - mam Jemp Ernzen
Play

De Jemp Ernzen ass passionéiert vum Sport. Hien ass Turnproff, ass e fréiere Liichtathlet, ass als Trainer aktiv, a stoung 2003 un der Wéi vun der Lëtzebuerger Triathlon Federatioun. Zanter enger Zäit ass hien „Projektmanager vum Thriatlonclub Karongi“ am Ruanda. Am ostafrikanesche Land trainéiert hie jonk Awunner am Schwammen, Velofueren a Lafen. Firwat am Ruanda? Firwat Triathlon ? De Guy Seyler huet nogefrot: