Tennis: Kongress vun der europäescher Federatioun zu Lëtzebuerg
28/09/2021

Bei der Lëtzebuerger Tennisfederatioun ass een sech bewosst, datt elo hannert Mandy Minella, Claudine Schaul, Anne Kremer a Gilles Muller e grousst Lach kënnt. An nächster Zukunft dierft et wuel schwéier ginn en FLT-Spiller op mannst an der Qualifikatioun vun engem Grand Slam ze gesinn. Déi Responsabel vun der Federatioun sinn sech der Problematik bewosst, an hunn dat och um Kongress vun der europäescher Federatioun ugeschwat, Franky Hippert:
