Drëtt Hallschent mam Nascar-Pilot Gil Linster
25/10/2021

An do ass dës Woch de Gil Linster den Invité beim Franky Hippert. De 27 Joer ale Lëtzebuerger Automobilsportler wëll gären an den USA bis ganz uewen am Nascar kommen. Duerch d'Covid-Pandemie gouf dat Ganzt awer gebremst, an elo goung et mol nees zeréck an Europa. Op eisem Kontinent ass déi amerikanesch Automobilsport Serie nach relativ jonk, an awer ginn et schonn eng ganz Rei ënnerschiddlech Kompetitiounsniveauen:
