Drëtt Hallschent: Steve Weber
20/10/2021

Den Invité an der "Drëtter Hallschent", ass dës Woch de Volleyballspiller Steve Weber, deen déi leschte Saison nach zu Bliesen an der zweeter Däitscher Bundesliga gespillt huet. Dëst Joer ass hien nees bei sengem Stammveräin Bartreng aktiv. Beim Rich Simon a Marc Burelbach huet hien ënnert anerem erzielt, firwat ee Leidenschaft fir säi Sport muss entwéckelen, fir och Succès ze hunn.
