Drëtt Hallschent mam fréieren Handballnationaltrainer Fernand Schott
08/11/2021

Déi Lëtzebuerger Handballfederatioun feiert dës Saison hiren 75.ten Anniversaire. An eisem Podcast "Drëtt Hallschent de Sporttalk" ass de Woch de Fernand Schott eisen Invité. De 76 Joer alen Stack-Diddelenger kennt de Lëtzebuerger Handball wéi bal keen aneren hei am Land. Beim Rich Simon a beim Franky Hippert huet de fréieren Nationalspiller an Nationaltrainer erzielt, wéi et deemools gaang ass, wéi hien Trainer vun der éischter Equipe beim HB Diddeleng ginn ass:
