Drëtt Hallschent: Nathalie Lamborelle

15/12/2021
Drëtt Hallschent: Nathalie Lamborelle
Play

D'Nathalie Lamborelle ass dës Woch d'Invitée an eisem Podcast "Drëtt Hallschent - De Sporttalk". Déi fréier Profi-Coureuse mécht sech a leschter Zäit ënnert anerem Gedanken iwwer d'Sécherheet vun de Cyclisten am Stroosseverkéier. Als Sportsproff mécht d'Nathalie Lamborelle reegelméisseg mat hire Schüler Vëlostier. Beim Rich Simon a Franky Hippert huet si awer ënnerstrach, datt dat net ëmmer evident ass....