Réckbléck op d'Sportjoer 2021: Abrëll

25/12/2021
Réckbléck op d'Sportjoer 2021: Abrëll
Play

An eisem Réckbléck op d'Sportjoer 2021 ass et haut um Mount Abrëll. Am Futtball koum et zum Coup d'Eclat, well eenzel Veräiner eng Super League wollte grënnen. Am Dammefuttball gouf d'Nationalekipp fir d'éischte Kéier fir eng WM-Quali. ugemellt. Am Tennis war et de Comeback vum Mandy Minella. Et koum zu Ouverturen am Sport an d'Stater-Buergermeeschtesch huet een neie Stéchdatum fir den éischten offizielle Match am neie Stadion genannt. D'Lynn Kayser mam Réckbléck.