Keen Novotelcup 2021
27/12/2021

Muer hätt déi 33. Editioun vum traditionelle Volleyballstournoi ronderëm de Joreswiessel solle lass goen. Ma, no der Annonce vun der Lëtzebuerger Regierung de leschte Mëttwoch, datt kuerzfristeg nei, méi streng, Mesuren am Fräizäit a Sportberäich géifen a Kraaft trieden war séier kloer datt et och 2021 keen Novotel Cup am Volleyball géif ginn. Den Marc Burelbach huet sech iwwert déi eventuell Repercussiounen bäi de Concernéierten ëmfrot…
