Drëtt Hallschent: André Hoffmann
17/01/2022

Dës Woch ass den André Hoffmann den Invité am Podcast "Drëtt Hallschent - De Sporttalk". De Rich Simon an de Jeff Kettenmeyer hunn ënnert anerem mam COSL President iwwer d'Olympesch Wanterspiller zu Peking geschwat, a wollten och wësse wéi d'Positioun vum COSL ass, wat de politesche Boykott vu verschiddene Länner ugeet.
