Handball: FLH-Nationaltrainer mat Verbesserungen fir d'Zukunft
25/01/2022

Déi Lëtzebuerger Hären Handballnationalequipe huet sech weder an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun beim Mini-Tournoi op de Färöer Inselen, nach bei der Europameeschterschaftsqualifikatioun géint d'Belsch fir déi nächst Ronn kënne qualifizéieren. Um Enn hunn eng Rei Saachen d'Differenz vis-à-vis vun de Géigner gemaach. Aus deenen 9 Deeg mat 5 Matcher hëlt een Positives mat fir d'Zukunft, et ginn awer och eng Rei Schrauwen un deenen musse gedréit ginn, fir weider ze kommen, Franky Hippert:
