Drëtt Hallschent mam Gerry Schintgen - President vum F91 Diddeleng

07/02/2022
Drëtt Hallschent mam Gerry Schintgen - President vum F91 Diddeleng
Play

An do ass dës Woch de Gerry Schintgen eisen Invité. Gëscht war d'Reprise vum Championnat an der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtball no der Wanterpaus. Den F91 huet géint Nidderkuer 1-2 verluer, an domat missen d'Tabellespëtzt un de Progrès ofginn. De Jeff Kettenmeyer an de Franky Hippert wollten vum President vun Diddeleng wëssen, firwat d'Equipe aus der Forge du Sud d'1-0 Féierung nach aus der Hand ginn huet: