Mat der Basketballspillerin Cathy Schmit
18/02/2022

An do ass dës Woch d'Cathy Schmit eis Invitée. De Jeff Kettenmeyer an de Franky Hippert wollten vun der 31 Joer aler Basketballspillerin, déi zanter 17 Joer um héchste Niveau bei de Musel Pikes spillt, an sech am Dezember d'Achillesseen gerass hat, wëssen, firwat een d'Impressioun huet, datt ëmmer manner Spillerinnen de Sprong vun der Jugend an d'éischt Equipe packen:
