Drëtt Hallschent: Matthieu Osch
28/02/2022

Dës Woch ass de Matthieu Osch den Invité am Podcast "Drëtt Hallschent - De Sporttalk". Viru kuerzem ass hien op den Olympesche Spiller zu Peking, den 28. ginn am Riseslalom. Beim Rich Simon huet hien ënnert anerem erzielt, wéi säin Alldag zu Innsbruck ausgesäit, an datt hien mat 10 Joer och ugefaangen huet Volleyball ze spillen.
